Tom, Prisoners Assistance Nepal

SVC au Népal

 

Mäin Numm ass Tom Hoffmann, an ech war Volontaire fir d’ONGD-FNEL, eng Organisatioun, déi sech am Nepal asetzt an déi aus de FNEL Guiden an Scouten Lëtzebuerg ervir gaangen ass. An Zesummenaarbecht mam Service national de la jeunesse war ech 5 Méint am Nepal, wou ech Volontaire bei der nepalesescher ONG "Prisoners Assistance Nepal" war.

Am Januar 2018 hunn ech mech op de Wee gemaach. Mäin Zil war de Nepal, dat Land dat virun allem bekannt ass fir den héchste Bierg vun der Welt, den Mount Everest. Ech sinn awer net dohi gaangen fir Tourist ze spillen, mee fir mech sozial z'engagéieren.

Nepal ass leider nach ëmmer en äusserst aarmt Land, dat eréischt virun dräi Joer vun engem Äerdbiewen getraff gouf. Wat genau mech do géif erwaarden wousst ech dee Moment nach net. Mam Fliger kënnt een an der Haaptstad Kathmandu un. Do hunn ech dunn och d’Cheffin vun der nepalesescher ONG getraff, d’Indira Ranamagar. Si huet déi ONG gegrënnt fir den Gefängnissinsassen an deenen hire Kanner ze hëllefen. Leider setzen am Nepal och vill Onschëlleger am Prisong. Oft mussen d'Kanner, déi soss keng Famill hunn oder wou d’Famill net déi néideg finanziell Mëttel huet fir fir d’Kand ze suergen, dann mat hiren Elteren mat an den Prisong. Deene Kanner gëtt da gehollef andem en se aus den Prisongen raushëllt an hinnen en Heem gëtt. Ausserdem kréien si esou d'Méiglechkeet, fir eng Bildung ze kréien.

An a genau esou engem Kannerheem hunn ech als Volontaire matgeschafft. Dat Heem war an engem Duerf, 17 Kilometer vu Kathmandu an huet ëm déi honnert Kanner beherbergt. Do hunn ech du gelieft a matgeschafft. 

Aarbecht gouf et do genuch. Elleng war ech och esou gutt wéi ni, et ware bal déi ganzen Zäit nach aner Volontairen do, déi meescht waren aus Spuenien oder Frankräich. Ech hunn ugefaangen an der Kichen ze hëllefen, well kache fir 100 hongereg Kanner ass net einfach. Geméis schneiden, am Dëppe réieren a spullen ware meng nei Beschäftegungen. Z’iessen gëtt et do véiermol den Dag. Zweemol dovu gëtt et "Dal Bhat", dat nepalesescht Nationaliessen. Dat ass Reis mat Geméis a Lënsenzopp, déi en dann driwwerschëtt. Glécklecherweis hunn d’Geméis an d’Lënsenzopp ëmmer vun Dag zu Dag variéiert. Leider verdréit eise Kierper d’Iessen an sou engem frieme Land net direkt an dowéinst war ech dunn um Ufank e bësse krank.

Ofwiesslungsaarm Ernierung, Toiletten a Form vu Plumpsklo, heefeg Stroumausfäll a Stroossen, déi engem Feldwee an näischt nostinn, sinn déi markantsten Unzeechen dofir, dass een an engem aarme Land ass. Vill Leit hu während dem Äerdbiewen hiert Haus verluer an hu kee Geld méi, fir en neit ze bauen. Déi Leit liewen elo a provisoresche Buden, déi aus Wellblech, Plastik a Bambus gebaut goufen. Well d’Leit esou aarm sinn, ass am Nepal och alles (wat net importéiert muss ginn) vill méi bëlleg. E gutt Mëttegiessen an engem nepalesesche Restaurant huet do vläicht 4-5 Euro kascht.

Wann et emol keng Aarbecht an der Kichen gouf, dann hunn ech mat de Kanner, déi 6 bis 17 Joer waren, gespillt. Fussball, Basketball, Cricket, awer och Schach an nepalesesch Spiller waren den Kanner hier Fräizäitbeschäftegung. Eng Tëlé gouf et zwar, mee e Film gouf nëmme siele gekuckt, meeschtens freides owes, awer och net all Freiden.

An d’Schoul mussen d’Kanner natierlech och goen. Dei méi Jonk sinn an d’Schoul gaangen, déi um Site vum Heem selwer war. Déi méi al hu missten an d’Duerf selwer goen. Am Nomëtte gouf et dann och eng obligatoresch Stonn während deeër Hausaufgabe gemaach goufen. Do hunn ech natierlech och probéiert, fir de Kanner esou gutt wéi méiglech zur Säit ze stoen. A Fächer wéi Englesch oder Mathé konnt ech hinnen hëllefen. Nepalesesch konnt ech nëmmen e bëssen, mä et ass duergaangen, fir mech mam Kichepersonal kënnen ze verstännegen.

Mat de Kanner hunn ech Englesch geschwat, déi meescht konnten dat och ganz gutt. Si waren enorm selbstänneg, wann do mol beim Owesiessen kee vum Personal do war, dann hunn déi méi al Meedercher alles gereegelt. Hir Kleedung an Schouluniform hunn d’Kanner selwer, an natierlech op der Hand, gewäsch. Hier Kummeren hunn si all Dag misste selwer raumen a botzen an och de ganze Site huet musse vun hinne gekiert ginn.

Mat den eelere Jongen sinn ech oft Gras fir hir Geessen a Büffele schneide gaangen, hunn am Gaart geschafft, Bambus op e Chantier transportéiert an hunn d’Räissäck bei d’Heem, de Bierg erop gedroen.

E bëssen Tourist war ech awer schonn, hunn zwou kleng Hüttewanderungen am Himalaya gemaach an hunn natierlech och all d’Sehenswierdegkeeten zu Kathmandu gesinn. Nepal ass e wonnerschéint Land, ass awer plazeweis nach ëmmer zerstéiert, an den Dreck gëtt vun den Leit verbrannt oder einfach an d’Natur gehäit. Dat ass awer doduerch bedengt, dass et keen Dreckscamion a keng Poubellen gëtt an d’Regierung sech net weider dorëms këmmert.

Iergendwann waren déi 5 Méint awer och eriwwer an ech hu "mengen" nepalesesche Kanner an de Kollege missen Äddi soen a mech nees an den Fliger fir op Lëtzebuerg missten setzen.

Duerno hunn ech nach ee Mount am Büro vun der ONGD-FNEL als Volontaire geschafft, wou ech méi iwwert de Fonctionnement vun dëser ONG geléiert hunn. 

Et war eng schéin Zäit an d’Experienzen, déi ech gemaach hunn, waren et definitiv derwäert, fir Lëtzebuerg an all meng Kollegen an d'Famill eng Zäit net ze gesinn. Dës Erfahrung huet mech zu enger méi selbstänneger Persoun gemaach.