Jérôme, 12 Méint SVE zu Berlin am Zirkus CABUWAZI

Jérôme, 12 Méint SVE zu Berlin am Zirkus CABUWAZI

 

Wou hues du däin SVE gemaach? A wéi laang?

Ech hu mäin SVE  12 Méint zu Berlin am Zirkus "Cabuwazi" gemaach.

Cabuwazi mecht ganz verschidde Saachen, awer haaptsächlech "social circus".

z.Bsp. Hunn ech mueres Schoulklassen betreit,  dh. hinne  während enger Woch verschidden Zirkusdisziplinen beibruecht, déi si du konnte freides, während enger Show, Frënn a Famill virféiren.

Et ginn awer och nomëttes Course mat ganz klenge Kanner oder Jugendlecher, déi iwwert e längeren Zäitraum kommen. E ganz interessante Projet, deen ech matgemaach hunn, war an engem Asylantenheem, wou mir mat de Kanner a Jugendlechen Zirkus gemaach hunn. Am grousse Ganzen geet et drëms, fir de Kanner an Jugendlechen hir sozial Kompetenzen ze förderen an si an hirem Selbstvertrauen an Selbstwäertgefill ze stäerken.


Wat huet dir am Beschte gefall?

Am Beschte gefall huet mir, dass ech mat Leit aus ganz Europa, an doriwwer eraus, a Kontakt komm sinn, a mech mat hinnen ausgetosch hunn. Mir waren zu 8 Fräiwëllegen aus ganz verschiddene Länner, déi gläichzäiteg hiren SVE gemaach hunn.

Ënnert eis war eng super Stëmmung, mir hu villes zesummen ënnerholl an erlieft. Dat ass vun „am Park chillen“ bis „um Karneval der Kulturen matgoen“ gaangen. Natierlech si mir och vill erausgaangen, zu Berlin as ëmmer eng lass.

Ech sinn och vill während mengem SVE gereest: sou war ech zum Beispill mat engem Fräiwëllegen aus Irland seng Heemecht besiche gaangen, sinn a Polen op de "Woodstock" gefuer oder hunn zwee Fräiwëllegen aus Dänemark an Italien d'BENELUX gewisen.

 

Wat huet dir däi Fräiwëllegendingscht bruecht?

Ech hu ganz vill iwwer aner Kulturen, Bräich, Kichen, asw. geléiert. Ech hu mäin Däitsch, awer virun allem emol, mäin Englesch verbessert, doduerch, dass mir ënnert eis Fräiwëllegen eigentlech nëmmen op Englesch kommunizéiert hunn.

Ech hunn och en Italienesch-Sproochecours gemaach, well ech keen Däitschcours gebraucht hunn.

Esouguer mäi Franséisch huet sech verbessert, well ech ganz vill mat Fransousen a Belsch ënnerwee war.

Och iwwert Zirkus hunn ech ganz vill geléiert. Éiert ech op Berlin gefuer sinn, hat ech näischt mat Zirkus um Hutt! Dohannen hunn ech verschidden Disziplinen geléiert, wéi z.Bsp.: Trampolin oder Trapez an hat esouguer e klengen Optrëtt als Clown.

Als Erzéier hunn ech och vill beruflech Kompetenzen an Ureegunge krutt.  Ech hunn och ganz vill iwwert mech selwer kennengeléiert, hu méi Vertrauen a mech selwer krutt a si méi selbstbewosst ginn. Och gesinn ech eis klengt Ländchen säit mengem  „Ausflug“ aus engem anere Bléckwénkel.

 

Wat war däi Schlësselerliefnis?

Den drëtten Dag nodeems ech ukomm war, hate mir Fräiwëlleger alleguer zesummen en Iessen. Dat war déi eischte Kéier wou ech déi aner Fräiwëlleg kennengeléiert hunn.

Och wann ech nach mat gemëschte Gefiller op Berlin gefuer sinn, esou hunn déi sech deen Owend alleguer opgeleist. Ech sinn esou häerzlech opgeholl ginn, dass ech mech direkt wéi an enger klenger Famill gefillt hunn. Si hu mir bei verschiddene Froe gehollef an Tipps ginn. Ech si mir och bewosst ginn, dass och vill vun deenen aneren, keng oder net vill, Erfahrung mat Zirkus haten, éiert si op Berlin komm sinn. Well déi mannsten, an ech och, net wierklech gut Englesch geschwat hunn, hu mir eis mat Hänn an Féiss verstännegt.

Dat ass awer am Laf vum Owend ëmmer besser ginn.

Duerno si mir nach an de "Keller", eng Art alternativ Disco, zu Neukölln gaangen, wou mir bis mueres gefeiert hunn. Fir mech en onvergiesslechen Owend a mäi Punkt, op deem ech mir gesot hunn, dass ech de richtege Choix geholl hunn, fir op Berlin ze fueren.

 

Däi Rot un aner Jonker, déi eventuell wéilten e Fräiwëllegendingscht maachen!

Vertrauen:esouwuel an sech selwer, wéi och an d’Organisatioun.

Den SVE as eng eemoleg Geleeënheet: et ass fir alles gesuergt a wann een Hëllef brauch oder e Problem huet, da ginn et Leit, déi een ënnerstëtzen a fir een do sinn – an dat  esouwuel op der Plaz, wéi och zu Lëtzebuerg.

Mutt ze hunn, fir nei Saachen auszeprobéiren a Leit kennenzeléieren. Et kann ee während deem Joer, halwem Joer oder nëmmen dräi Méint villes erliewen, wann ee nëmme wëll an oppen fir et ass.

Iwwert säi Schiet sprangen - et ass net ëmmer einfach an engem frieme Land ze sinn an et huet een och emol schlecht Momenter, oder et verlaangert een no der Famill an no de Frënn.  An deene Momenter muss een sech einfach déi positiv Säiten opweisen, den Telefon an de Grapp huelen, oder den Internet umachen an déi Phas iwwerbrécken. Kuerz gesot: sech net vun deene schlechte Momenter ënnerkréie loossen.

D‘Chance ergräifen - et ass en eemolegt Erliefniss, dat an där Form net jidderee ka machen! – ausser e gëtt SVE-Fräiwëllegen