Laura, SVE en Espagne

Laura, SVE en Espagne

 Wou hues du däin SVE gemaach? A wéi laang?

Ech hu mäin SVE zu Carrión de los Condes, enger klenger Uertschaft am Norden vu Spuenien gemaach. Mäin SVE huet 6 Méint gedauert. An mengem Projet hunn ech an enger Associatioun geschafft, déi kulturell Aktivitéiten um Jakobswee organiséiert. An deem Cader hunn ech Touristen a Pilger an enger Touristeninformatioun iwwert de Jakobswee an d’Regioun informéiert. Niewebäi huet d’Associatioun och eng Bibliothéik mat Bicher rondrëm de Jakobswee. Am Summer organiséire si Concerten, Rencontren an Theaterstécker.

 

 Wat huet dir am Beschte gefall?

Am Beschten huet mer gefall, dass ech Spuenien richteg erliewe konnt. Andeems ech do gewunnt an geschafft hunn, hunn ech vill iwwert d’Regioun, d’Mentalitéit an d’Aktualitéit geléiert. Déi ländlech Regioun am Norden vu Spuenien ass ganz aanescht wéi een sech dat "typescht" Spuenien mat Plage a Mier virstellt. Ech si vill mat aneren europäesche Fräiwëllege gereest a konnt e ganz vielfältegt a liewegt Land kennenléiren.

 

Wat huet dir däi Fräiwëllegendingscht bruecht?

Den SVE war fir mech eng eemoleg Geleeënheet an d’Ausland ze kommen. Ech sinn ouni Virkenntnësser am Spueneschen ugeholl gin. En plus ass den SVE gutt encadréiert an et kritt een eng finanziell Ënnerstetzung, déi ee bei Stage-Plazen net géif kréien.

An deene sechs Méint hunn ech vill nei Saachen geléiert, Et war zwar haart am Ufank, mee zum Schluss konnt ech mech op Spuenesch vestännegen an hunn och gréisstendeels alles verstaan. Ech si selwer an engem frieme Land eens ginn, wäit eweg vu Frënn a Famill. Daat war nët ëmmer einfach an et brauch een am Ufank vill Gedold an et muss een sech villen neien Situatiounen upassen. En plus hunn ech tëschent mengem Bachelor a mengem Master Zäit gebraucht fir mech z‘orientéiren. No mengem SVE war ech sécher wat ech weider studéire wëll.

 

Wat war däi Schlësselerliefnis?

Als Lëtzebuerger ass ee gewinnt sech a wéinstens enger Sprooch verstännegen ze kënnen. Fir mech war Spuenien dofir eng grouss Erausfuerderung, well d’Leit, an deer klenger Uertschaft wou ech gewunnt hunn, nëmme Spuenesch geschwat hun. Mat deenen aaneren europäesche Fräiwëllege, déi och an der Regioun aktiv waren, hu mer eis lues awer sécher an eisem Spuenesche verbessert. Mir sinn aus ville verschiddene Länner komm: aus der Belsch, Italien, Frankräich, Däitschland, Portugal, Serbien, Ungarn a Bulgarien. Mir hu gutt zesummengehal an eis géigesäiteg ënnerstëtzt. Zum Schluss waren mer gutt integréiert, hu mat aaneren Spuenier eppes ënnerholl an hunn nei Frëndschaften geschloss.

 

Däi Rot un aner Jonker, déi eventuell wéilten e Fräiwëllegendingscht maachen!

Den SVE ass genee dat Richtegt, fir all déi, déi gären an d’Ausland wëlle goën a beruflech Erfahrung sammele wëllen. Et ass eng grouss Chance, fir eppes Neies auszeprobéiren, och an engem Secteur wou een  nach guer keng Erfahrung huet. En ass fir all jonke Mensch tëscht 18 an 30 Joër zougänglech, ët muss ee kee Student sinn oder eng speziell Ausbildung hunn. Den SVE ass ganz gutt encadréiert, et ass een nët alleng an den Demarchen an och wann een e Problem während dem SVE huet, ginn et Ulafstellen am Ausland an zu Lëtzebuerg. Dofir: Probéiert et aus!