Lys, 8 mois de SVE en Allemagne

Lys, 8 mois de SVE en Allemagne

Mäin SVE an Däitschland

Ech sinn d'Lys an ech hu mäi Fräiwëllegendingscht zu Nordhausen, enger klenger Stad an Thüringen (Däitschland) gemaach.
Ech hunn do 8 Méint an enger Crèche mat Kanner vun 2 bis 6 Joer geschafft.

Mir huet d' Aarbecht, mam Bastelen, Léieren an Spillen, mat de Kanner vill Freed gemaach. Ech wëll spéider am Secteur vum Enseignement schaffen, dobäi hunn ech ëmmer geduecht, dass ech léiwer géif mat Kanner ab 6 Joer schaffen. Mäin SVE huet mir dunn awer gewisen, dass  ech och gutt mat Kanner vun 2 Joer eenz ginn.

Dat Bescht hunn ech awer baussend mengen Asazstonnen erliewt.
Ech hu vill Frënn fonnt an ech hu mat friemen Leit um Trottoir iwwert mäi Projet an iwwert d'Geschicht vun der Stad am Zweeten Weltkrich geschwat.
Mäi Rhetorikcours (ech hu jo keen Däitsch méi misste léieren :-)) war och éischter e Geschichtscours iwwert d'DDR-Zäit, déi méng "Joffer" materliewt huet. 
Ech hunn also vill Allgemengwëssen an Anekdoten mat heem bruecht.

Als mäi Schlësselerliewnis kann ech mäin On-Arrival-Training bezeechnen. Déi 2 Méint virdrun hunn ech just meng 2 Matbewunner kannt, mat deenen ech eppes konnt ënnerhuelen an ech hu mech e bëssen alleng gefillt.
Mä dunn, op eemol hunn ech 15 Jonker kennegeléiert, deenen et ähnlech gaangen ass a mer haten d'Méiglechkeet eis iwwert eis SVE-Zäit, déi mer bis dohinn haten, auszetauschen.
Do hu mer dunn och "Tipps und Tricks" zum Thema "Überleben in Deutschland" erhalen.

Dat huet mat sech bruecht, dass et dunn nom Seminar moralesch biergop gaangen ass: d'Coordinating Organisation hat en Treffen organiséiert, wou ech een ehemolegt Fräiwëllegt kennegeléiert hunn, dat mech vun enger Party op déi nächst matgeholl huet. Sou huet sech mäi Bekanntekrees bannent e puer Wochen extrem vergréissert.

Ech géif jidder Jonken et uroden eng Kéier e Fräiwëllegendéngscht ze maachen, sief et fir eng aner Kultur kennenzeléieren, oder aus soss eng anerer Motivatioun eraus. No der Première, no der 13ième oder no der Uni. Als Paus vum Bicher-Auswennegléieren, oder als Orientatiounshëllef, wann een nach guer kee beruffleche Plang huet.

Ech mengen et bréngt engem vill méi, wéi dat wat een sech als Zil gesat huet, well et weess ee virdrun net genau wat a ween op een duer kënnt.