Philippe, SVE aux Açores

Philippe, SVE aux Açores

Wou hues du däin SVE gemaach? A wéi laang?

Ech war fir 5 Méint op enger vun den Azoreninseln (Portugal), fir genau ze sinn an der "Stad" Horta op Faial.

Wat huet dir am Beschte gefall?
Mäin Highlight war definitif d'Natur do hannen, wat och ee vun de Grënn war virwat ech mech fir dës Plaz entscheed hat. Vu dass ech an engem Projet mat Ëmweltschutz aktiv war, hat ech och d'Gléck, fir vill Plazen ze gesinn, déi een als Tourist éischter selte besicht. Ausserdem war hei am Summer e grousst Fest vun enger Woch mat vill Livemusek a gudder Ambience, wat och a beschter Erënnerung bleiwe wäert.
 
Wat huet dir däi Fräiwëllegendingscht bruecht?
Am Fong huet e méng 3 Haaptziler erfëllt:

- ech hunn eng weider Sproch geleiert, déi zwar nach ausbaufäheg, mee, fir just 4 Méint Sproochecours scho ganz gutt ass

- ech hunn eng Plaz op der Welt erlieft, déi sécher net mat villen anere vergläichbar ass

- ech hunn e bëssche Berufserfahrung sammele kënnen an engem Beräich an deem ech och studeiert hunn.
 
Wat war däi Schlësselerliefnis?
Mäi Schlësselerliefnis war komescherweis mäi Mid-term-evaluation-meeting no knapp 4 Méint (och wann et eng Exceptioun war, dass ech deen amplaz vun engem On-arrival-training gemaach hunn). Bis zu deem Zäitpunkt hat ech am Fong grouss Zweifel an Hemmungen, wat meng Sproochkompetenzen ugaang ass, ech hunn éischter dozou tendéiert, fir Englesch ze benotzen, wou et goung, a mech dementspriechend och e bëssche schwéier gedunn mat der Integration. Mee no dem Mid-term-meeting, wou mir quasi alles op portugiesech gemaach hunn, krut ech vill Motivatioun an hunn et doduerch fäerdeg bruecht, fir meng lescht 5 Wochen op Faial ëmsou méi ze genéissen.
 
Däi Rot un aner Jonker, déi eventuell wéilten e Fräiwëllegendingscht maachen?
Et soll ee keng Angscht hunn, fir dëse Schrëtt ze maachen, mee et soll een sech awer och sécher sinn, dass ee fir déi Erfahrung an alles waat se mat sech bréngt bereet ass. Ech selwer wees, dass ech virun e puer Joer net dee selwechten Notzen hätt kënnen doraus zéien, wéi dat elo de Fall war. Et muss een sech bewosst sinn, dass ee gewëss Verantwortungen wäert hunn an dass ee sech duerchaus vill muss ëmstellen a sengem Liewen, fir déi Méint am SVE.
Mee am Endeffekt lount sech dee Risiko wahrscheinlech fir déi meescht!