Pit, SVE en Grèce

Pit, SVE en Grèce

Wou hues du däin SVE gemaach? A wéi laang?

Ech war am Summer 2012  5 ½ Mount a Griechenland, zu Athen an op Kreta. Ech war Fräiwëllege bei der Organisatioun ARCHELON, déi sech ëm Mieresschildkröte këmmert. Mir hunn do Schildkröten agefaangen déi vu Booter blesséiert goufen oder sech a Fëschernetzer verfaangen hunn an hu se verflegt, bis se gesond waren a mir se erëm konnten aussetzen. Mir hunn och d’Näschter vu Schildkröten protegéiert oder d’Eeër a Sécherheet bruecht.

 

Wat huet dir am Beschte gefall?

De ganze Projet huet mir am grousse Ganze gutt gefall, d’Aarbecht mat de Mieresschildkröten awer am Beschten. Op mengem Gebuertsdag, hat ARCHELON eng grouss Aktioun organiséiert, wou mir Schildkröten erëm ausgesat hunn. Ech hat do d'Éier, fir och eng Schildkröt auszesetzen an se op hirem Wee zréck an d'Mier ze begleeden (Foto).

 

Wat huet dir däi Fräiwëllegendingscht bruecht?

En huet mir fir d‘éischt emol d’Aen opgemaach a mir gewisen, dass ee kann op verschidden alldeeglech, vermengtlech selbstverständlech, Saachen (z. Bsp. Televisioun) verzichten an een se och net vermësst.

Op Kreta hu mir fir e puer Méint an Zelter gelieft an hate nëmme begrenzt Zougang zu Tëlé, Internet, etc. Well mir am Grupp zesumme waren hu mir méi interessant Owenter verbruecht, wéi virun der Tëlé ze hänken.

De Fräiwëllegendingscht huet mir d’Bestätegung ginn, dass ech dat wierklech an Zukunft och wëll viru maachen: Aarbecht mat Déieren a speziell am Kontext vum Mier.

De Projet huet mir vill Dieren opgemaach, duerch all d’Leit, déi ech kennegeléiert hunn.

Ech hu wëlles, fir elo och an deem Beräich ze studéieren.

Ausserdem war ech vill  op mech alleng gestallt an hu geléiert onofhängeg vun doheem ze liewen.

 

Wat war däi Schlësselerliefnis?

Eigentlech war all Dag fir eng Iwwerraschung gutt. Wann ech een Erliefnis speziell misst eraussichen, hätt ech der zwee, déi mech besonnesch markéiert hunn:
- wéi ech enger verwonnter Schildkröt gehollef hunn, fir dass se nees onofhängeg  iesse konnt
- wéi ech  déi  éischte Kéier gesinn hunn wéi eng Schildkröt hir Eeër leet

 

Däi Rot un aner Jonker, déi eventuell wéilten e Fräiwëllegendingscht maachen!

Wanns de wëlls eppes vun der Welt gesinn, motivéiert bass, fir ze schaffen, och mol eppes anescht wëlls schaffen,  wéi déi „normal“ Aarbechten heiheem an net ëmmer deier Vakanze wëlls bezuelen,  dann ass de Fräiwellegendingscht genau dat Richtegt fir dech. Maach et einfach!