Stéphane, SVE en Espagne

Stéphane, SVE en Espagne

Wou hues du däin SVE gemaach? A wéi laang?

Ech hu mäin SVE zu Santiago de Compostela (Spuenien) an engem sozio-kulturellen Zentrum gemaach. Hei hunn ech während 9 Méint mat Kanner a Jugendlecher geschafft.

 

Wat huet dir am Beschte gefall?

Nodeems ech meng 1ere gepackt hat, war ech frou, fir aus der Schoul eraus ze sinn an eng ganz nei Erfahrung wäit fort vun Doheem maachen ze kennen. Nieft der Aarbecht an de Sproochecoursen, déi mir gutt gefall hunn, hat ech genuch Fräizäit, fir dat alldeeglecht Liewen an engem aneren Deel vun Europa kennenzeléieren a fir mech mat Spuenier a Fräiwëlleger aus ganz Europa auszetauschen an ze reesen.

 

Wat huet dir däi Fräiwëllegendingscht bruecht?

Meng Zäit als Fräiwëllegen huet mech dora bestätegt, dass ech spéiderhi gären am pädagogesche Beräich schaffe wëll. No mengem SVE hunn ech ugefaang Erzéiungswëssenschaften (Pädagogik) ze studéieren.

Duerch d'Sproochecoursen an duerch den deegleche Gebrauch vum Spueneschen ass et mir gelongen eng nei Sprooch ze leieren.

Ech hunn vill Fräiwëlleger aus ganz Europa kennegeleiert an hu vill nei Frëndschaften geschloss. Ech hat en interessant Joer mat villen neien Erfahrungen an onvergiessleche Momenter déi ech zu Lëtzebuerg wahrscheinlech ni gemaach hätt.

Duerch déi 9 Meint an deenen ech zesumme mat aneren europäesche Fräiwëllegen a Spuenie gelieft hunn, hunn ech net nëmmen eppes iwwer aner europäesch Kulture kennegeleiert, mä och vill iwwer mech selwer.

 

Wat war däi Schlësselerliefnis?

E flott Erliefnis war et, fir no deenen éischte Méint ze mierken, dass mäi Spuenesch ëmmer besser ginn ass, an dass ech mech no an no ëmmer besser verstännegen konnt. Op der der Aarbecht, mat Kollegen, an der Strooss, Weekends beim Erausgoen, …

 

Däi Rot un aner Jonker, déi eventuell wéilten e Fräiwëllegendingscht maachen!

Traut iech! - Dir wäert et net bereien!

Et ass eng eemoleg a praktesch Méiglechkeet, fir eng Zäit am Ausland ze verbréngen. Dir hutt d'Méiglechkeet eng aner europäesch Kultur/Sprooch kennenzeleieren, praktesch Erfahrungen an engem Aarbechtsfeld ze kréien,  dat iech interesséiert, nei Leit kennenz leieren a vill nei an interessant Erfahrungen ze maachen.

Loost iech net arieden dir géift mat engem Fräiwëllegendéngscht e Joer „verléieren“.

Fir mech war et duerch an duerch en gewonnent Joer an ech si frou dass ech mech no der 1ere dofir entscheed hunn e Fräiwëllegendéngscht ze maachen, an net direkt mam Studium ugefaangen hunn! :-)