Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Den FVCB ass eng Organisatioun ouni Gewënnzweck, déi vum bolivianesche Staat unerkannt ass.
Si schafft un der sozialer, wirtschaftlecher a kultureller Fërderung vu Persoune mat wéinege Ressourcen, fir eng méi gerecht Gesellschaft opzebauen. Dëst geschitt duerch Servicer an der fréikandlecher Erzéiung, Gesondheetsversuergung, Nohëllef a Beruffsausbildung.

Ënnerstëtzung vun den Erzéierinne bei de schouleschen an ausserschouleschen Aktivitéite mat de Kanner vun 0 bis 4 Joer:

  • d’Kanner empfänken an iwwerwaachen
  • matmaache beim Ausschaffe vum pädagogesche Material
  • d’Moolzechte verdeelen an d’Kanner begleeden
  • op Hygiène an Disziplin oppassen
  • u Reuniounen Elterenowender an zivillem Engagement deelhuelen

 

Gesichten Profil

Jonk Leit:

  • motivéiert an autonom
  • mat Erfarung an der Betreiung vu Kanner a Jonker
  • mat gudde Kenntnisser an der spuenescher Sprooch

Fir méi Informatiounen, kanns du dech op www.niti.lu informéieren.

Fundacion Cristo Vive Bolivia (FVCB)

Calle Jordán N° 853 Entre 16 de Julio y Oquendo
Kooperatioun an der Entwécklung, Sozial a pädagogesch Aarbecht

Kontakt

Niños de la Tierra

volo@niti.lu 621 515 337

Partager cette mission