Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

ONG Mitia Madagasikara = Madagaskar gär hunn ass zanter 2016 de wichtegste Partner vun E.D.I. Madagascar. Mitia setzt eis Entwécklungsprojeten ëm. D’Equipe besteet aus 4 Fraen an 3 Männer: zwou Projetscheffen, enger Directrice, dräi Sozio-Organisateuren an engem Wärter. D’Equipe gëtt vun engem Kooperant ënnerstëtzt.

Nieft sengem Support bei den Entwécklungsprojete vun EDI (jee no Kompetenzen a lokale Besoinen) wäert de Volontaire Kompetenze stäerken, besonnesch am Beräich vum finanzielle Suivi vun de Projeten:

  • Begleedung vun de lokale finanzielle Verantwortlechen (Direkter an d’Projetscheffen) bei der finanzieller Gestioun vun de Projeten: Comptabilitéit, Liquiditéiten, Budgetssuivi, …
  • Begleedung vun de Beneficiairë bei der Gestioun vun hirer Kees a Spueren (Keesebicher, …)

Hie kann och follgend Aktivitéiten iwwerhuelen:

  • Säi Wëssen a säin Engagement an d’Gestioun an d’Optimiséierung vun der Aarbechtszäit vun der lokaler Equipe abréngen.
  • D’Capacitéite vun den Enseignanten aus de Regionalschoulen a Sproochen (besonnesch Franséisch) stäerken.
  • Zäit reservéieren, fir e perséinleche Projet ze realiséieren, wann hie wëll.

Weider Aufgabe kënnen, jee no Kapazitéiten a Wënsch vum Volontaire, uvertraut ginn.

Gesichten Profil

23 bis 30 Joer, soll sech un d’Liewensbedingunge vun engem aarme Land an ländleche Gebidder upasse kënnen.
Soll gären an engem Team schaffen.
Formatioun am Zesummenhang mat der Missioun.

MITIA Madagasikara ONG

Kooperatioun an der Entwécklung, Sozial a pädagogesch Aarbecht

Partager cette mission