Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

SVC Predeparture Training 09.09., 10.09. & 11.09.2025

De Predeparture-Training ass obligatoresch a riicht sech u Jonker tëscht 18 a 30 Joer, déi schonn e konkrete Projet am Kader vun engem Service volontaire de coopération (SVC) hunn. En ass och op fir Persounen am selwechten Alter, déi schonn eng "Ech?! Fräiwëlleg?!" an en Orientéierungsgespréich ofgeschloss hunn, souwéi fir déi, déi an der Kooperatioun täteg sinn a sech virun engem Asaz am Ausland preparéiere wëllen.

 

Déi zukünfteg Fräiwëlleger sollen sou gutt wéi méiglech op d'Bedingungen an hirem Zilland virbereet ginn, andeems follgend Theme behandelt ginn:

1. Kulturell Sensibiliséierung: Sensibiliséierung fir d'Diversitéit vun de Kulturen an Traditioune vun den  Zillänner , kulturellen Austausch, den Impakt vun der eegener Kultur
2. Sécherheet a Gesondheet: präventiv Mesuren am Beräich Gesondheet, Sécherheetsrichtlinnen, Gestioun vum psychologesche Stress
3. Spezifesch Virbereedung op de perséinleche Projet: Ziler an Aufgabe vum perséinleche Projet, Ëmsetzung an eventuell Hindernisser, Verbindung mat der Aarbecht vun der ONGD
4. Perséinlech Entwécklung: Unerkennung a Wäertschätzung vun eegenen Erfarungen, Reflexioun iwwert d'Motivatioun, d’Integratioun vum Service volontaire an de Liewenslaf
5. Partnerschaft a Kooperatioun an der Entwécklung: Verbesserung vum Wëssen iwwer d'Partner, Aféierung an d'international Kooperatioun an d’Ziler fir nohalteg Entwécklung (SDG's), Reflexioun iwwert d’Erausfuerderungen an d’Rolle vun den ONGD
6. Rechtleche Kader vum Service volontaire: Kenntnisser iwwer de legale Kader, Erklärung vun den Dokumenter an d’Responsabilitéiten a Rechter

 

Virdeeler vum Predeparture-Training: D’Ausbildung bitt eng optimal Virbereedung, miniméiert d’Risiken, fërdert d’Gemeinschaftsbildung an erhéicht d’Efficacitéit vum Service volontaire

All dës Punkte ginn op interaktiv Manéier an engem non-formale Kader behandelt

Umeldungsdelai 25.08.2025
  • Preparatioun
  • 3 Deeg
  • Centre de jeunesse Marienthal
    Rue de Keispelt
    L-7411 Marienthal Helperknapp