Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

SVC Predeparture Training 11.11., 12.11. & 13.11.2025

De Predeparture-Training ass obligatoresch a riicht sech u Kandidaten, déi schonn e konkrete Projet am Kader vun engem Service volontaire de coopération (SVC) hunn an déi sech prett maachen, fir e Fräiwëllegendéngscht am Ausland unzefänken.

 

Déi zukünfteg Fräiwëlleger sollen sou gutt wéi méiglech op d'Bedingungen an hirem Zilland virbereet ginn, andeems follgend Theme behandelt ginn:

1. Kulturell Sensibiliséierung: Sensibiliséierung fir d'Diversitéit vun de Kulturen an Traditioune vun den  Zillänner , kulturellen Austausch, den Impakt vun der eegener Kultur.
2. Sécherheet a Gesondheet: präventiv Mesuren am Beräich Gesondheet, Sécherheetsrichtlinnen, Gestioun vum psychologesche Stress.
3. Spezifesch Virbereedung op de perséinleche Projet: Ziler an Aufgabe vum perséinleche Projet, Ëmsetzung an eventuell Hindernisser, Verbindung mat der Aarbecht vun der ONGD.
4. Perséinlech Entwécklung: Unerkennung a Wäertschätzung vun eegenen Erfarungen, Reflexioun iwwert d'Motivatioun, d’Integratioun vum Service volontaire an de Liewenslaf.
5. Partnerschaft a Kooperatioun an der Entwécklung: Verbesserung vum Wëssen iwwer d'Partner, Aféierung an d'international Kooperatioun an d’Ziler fir nohalteg Entwécklung (SDG's), Reflexioun iwwert d’Erausfuerderungen an d’Rolle vun den ONGD.
6. Rechtleche Kader vum Service volontaire: Kenntnisser iwwer de legale Kader, Erklärung vun den Dokumenter an d’Responsabilitéiten a Rechter.

 

Virdeeler vum Predeparture-Training: D’Ausbildung bitt eng optimal Virbereedung, miniméiert d’Risiken, fërdert d’Gemeinschaftsbildung an erhéicht d’Efficacitéit vum Service volontaire.

All dës Punkte ginn op interaktiv Manéier an engem non-formale Kader behandelt.

Umeldungsdelai 28.10.2025
  • Preparatioun
  • 3 Deeg
  • Centre de jeunesse Marienthal
    Rue de Keispelt, 7411 Marienthal Helperknapp