Hosting Organisatioun am Rwanda:
Turere Ibibondo
D’Organisatioun „Amitié Am Sand – Amizero asbl“ ass aus enger Partnerschaft tëschent de Schoulen zu Oberanven an zu Ruhango am Ruanda entstanen. D’ONG ass aktiv zu Lëtzebuerg an am Ruanda, wou si Projeten am Schoulzentrum vu Ruhango ënnerstëtzt. D’Haaptzil ass d’Promotioun vun der Ausbildung vu jonke Leit. D’Projeten am Ruanda viséieren d’Verbesserung vun den Unterrechtsbedingungen an d’Erliichterung vum Zougang zu Bildung.
Déi Jonk ginn vum Mentor vun der Hosting Organisatioun kontaktéiert, deen hinnen d’Stad Ruhango an hire Logement weist a si iwwer hiren Alldag informéiert.
Hien stellt hinnen d’Schoul, de Verwaltungsrot, d’Enseignanten an d’Schüler vir, erkläert hinnen d’Schoulzäit an déi verschidde Méiglechkeeten, sech an d’Schoulgemeinschaft anzebréngen.
Déi Jonk entdecken d’Schoulgemeinschaft, d’parascholär Aktivitéiten an integréieren sech no an no an dës Aktivitéiten.
Si dokumentéieren hir Erfarungen an Aktivitéiten a schécken dës reegelméisseg un de Comité vun Amitié Am Sand – Amizero asbl (AAA), eventuell duerch d’Erstelle vun engem Web-Blog.
Eng ofschléissend Presentatioun fënnt bei enger Soirée oder Generalversammlung fir d’Frënn a Memberen vun AAA statt.
http://www.amsand-amizero.org/
Gesichten Profil
D’Volontairen hunn d’Méiglechkeet, Aktivitéiten no hirem Interessi an hire Kompetenzen aus de folgende Proposen erauszesichen:
- Aktivitéiten an der Bibliothéik fir Schüler ubidden (Lies-Séancen organiséieren), d’Freed um Liesen fërderen, kleng Bicher bastelen
- Den Trainer bei sengen sportlechen Aktivitéiten ënnerstëtzen (Dëschtennis, Basket, Volleyball)
- D’Schüler an eventuell d’Enseignanten bei Aktivitéiten mat TIC (Internet-Recherchen, Notzung vu verschiddene Basisprogrammer, asw.) begleeden
- Léiermaterial hierstellen
- Geographie- an europäesch Geschichtscoursen ginn
- Museksatelier virschloen
Amitié Am Sand-Amizero ONGD
Amizero Primary School (Turere Ibibondo)Kontakt
Griska Lutgen
griska.lutgen@snj.lu 247-86494621 359 353
Elisa Bertrand
amsand.amizero@gmail.com 691 596 601